“Meng schéinste Wanderung”, esou huet de Molconcours geheescht, deen d’Lëtzebuerger Wanderfederatioun (aka FLMP) lescht Joer ënner de Patronage vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen, de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, de Sportsministère, a mat ganz vill Partner a Sponsore lancéiert huet. Vun Februar bis Juni konnte Jonk Wanderartisten hier schéinst Wanderung a Faarf fir d’ Éiwegkeet festhalen. Pro Mount si sechs Gewënner aus zwee Alterskategorie’en definéiert ginn. Zum Schluss vun de Concours hu sämtlech Gewënner un eng grouss Präis Verlousung deelgeholl.

Eng vun de villen flotte Präisser war eng Dagesrees an den Europa-Park Rust, gestëft vu Voyages Emile Weber.

E Mëttwoch , den 8ten Abrëll war et dann esou wäit, an den FLMP ass mat déi kléng Laureate richtung sonnege Rust gefuer. D’Stëmmung war top, an d’Wierder huet sech vun hier schéinst Säit gewisen. Am grousse ganze war et e super flotten Dag, mat lauter zefridde Gesiichter.

An wéi een onschwéier gesäit, hu sech och déi “grouss Kanner” prächteg amuséiert 😉

Lëtzebuerger Wandersportfederatioun | Lëtzebuerger Jugendherbergen | Voyages Emile Weber | Sportsministère (Facebook) | Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

No responses yet

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *