Leschte Samsden, den 28. Februar war Generalversammlung vun der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun (FLMP), zu Hesper am der Centre Joseph Altmann.
Op dësen Dag gëtt traditionell iwwer d’nächst Wanderjoër gekuckt, an och Wanderveräiner geéiert déi am Joër 2025 besonnesch erausgestach hunn. Zum Beispill, de Veräin mat de meeschte Participanten op Lëtzebuerger IVV-Wanderungen (Footing Club Izeg), de Veräin mat der bescht-besichten Traditioneller IVV-Wanderung (Lënster Trëppler), de Veräin mat der bescht-besichte Geféierter Wanderung (Ourdall Nëssknacker Veianen), de Veräin mat dem bescht-besichten Permanente Wanderwee (Wanderfrënn Bettenduerf), oder d’Veräin mat dem bescht-besichten Trail-Cup (Lënster Trëppler).
Et sinn elo offiziell 42 Wanderveräiner an der Federatioun, mat d’Associatioun vun en neie Veräin, d’Wanderfrënn Déifferdeng. (Wëllkomm 😀)
Éiere Gäscht waren d’Buergermeeschtesch vun der Hesper Gemeng, Mme Diane Adehm an d’Sportministesch, Mme Martine Hansen.

























































No responses yet