Et gi vill flott Plazen zu Lëtzebuerg, Plazen déi een als Awunner net dacks – oder nach ni – besiche war. Eng gutt Beispill heifir ass: de Päiperleksgaart zu Maacher! De Gaart mécht elo Schluss Oktober fir d’Wanter zou, also war Team MyLux nach séier dohinner ei d’Pimpampelen sech et gemitterlech maachen, an d’Joer ausklénge loossen.
Fir unzefänken, de Gaart huet eng Fläch vu méi wéi 600 m², mat 30 bis 40 Aarte vu Päiperleken déi fräi ronderëm fléien. Mat enger konstanter Temperatur vun 28° Celsius an enger Loftfiichtegkeet vu 70 bis 80% ass dëse tropesche Gaart eng Paradäisinsel fir Päiperleken aus der ganzer Welt. Et ass definitive schnuckeleg Waarm dobannen, déck Kleeder si feel op der Plaz.
An et ass schéin, direkt wann een an den Zär era kënnt komme Päiperleke vun alle Gréisste geflunn. Et ass eng Oase vun der Rou. Einfach nëmme kucken a staunen. Kucken, mat den Ae wuel gesinn – upaken oder ublosen ass aller strengstens verbueden. An d’Päiperleke sinn net déi eenzeg Resident’en hei, ronderëm fléie Wellensitticher, Reisfinken, Unzertrennliche, Kanari Villercher, an nach méi aus der Kategorie “Sittich”. Frënn vu Fësch kommen och op hier Käschten, duerch den Zär fléisst eng Täich mat immens gutt geniert Koi’en. Déi eleng sinn nawell impressionnant ze gesinn.
Eng Stonn huet een Zäit fir dëse Biodiversum op sech wierken ze loossen, an déi brauch een och – fir gefillt 100dausend Foto’en ze maachen.
No der Visite kann een sech stäerke mat enger gudder Maufel an der Brasserie, a gemitterlech duerch hire klenge Buttek schlenderen. Wat mir natierlech och gemaach hunn. 🦋
Méi info: papillons.lu | Facebook – Päiperleksgaart




























No responses yet