Et ginn nawell vill visite guidéeë zu Lëtzebuerg ugebueden, mee eng ronderëm d’Monarchie war nach net dobäi – bis elo!

Ganz nei am Programm vum Luxembourg City Tourist Office ass eng guidéiert Tour mam Numm “Sous le signe de la couronne: découverte des monarques du Luxembourg“. Den Tour soll souwuel Touriste wéi och d‘Residenten un d‘Lëtzebuergesch Monarchie eruféieren an d‘Dynastie vum Ufank bis zum Schluss erzielen. Dat ass dach eppes fir team MyLux, do si mir dobäi!

Bis dënne, e ganz normalen Dag. Am leschte Stëppel ukomm, (wéi esou dacks) ware mir méi wéi erstaunt wéi mer RTL gesinn hunn. Mir hu séier verstanen dat e Reporter Team eis géife begleeden, fir iwwer de neien Tour ze berichten.  Mécht iergendwéi Sënn, schlussendlech war den Dag drop Trounwiessel, an eis Haaptstad huet gefonkelt aus allen Ecken. Et war awer scho witzeg. 

Um Knuedler goung et lass, a mir waren all direkt begeeschtert vun eise Guide. Mme Renée Noesen, 86 Joer jonk, ass zanter méi wéi 30 Joer dobäi, an huet eng Passioun a wësse vun der Lëtzebuerger Geschicht, dat muss mol een nomaachen. (An e mega flotte Brëll!) 🧡

Den Tour vun +/- zwou Stonne geet (u sech) chronologesch, esou wéi d’Herrscher un der Muecht waren. (Ech soen, u sech, well…… wa gefilmt gëtt gi Saache liicht aneschtes gemaach, et soll jo gutt um Telé ausgesinn 😂)

Beim Guillaume I. ugefaangen, deen am 19. Joerhonnert Lëtzebuerg zum Grand-Duché gefouert huet, bis zum neie Grand-Duc Guillaume, deen seng Roll haut an enger moderner Demokratie nei definéiere muss, un Anekdoten a Fakten iwwer d’Monarchie an hir Dynastie huet et net gefeelt. Wousst dir dat Lëtzebuerg fréier bal un de franséische Kinnek verkaf gouf, oder de Pont Adolphe déi éischt Bréck weltwäit mat esou engem grousse Bou, ouni Pilier an der Mëtt war? Also, mir woussten et net!

An jo. Mir ginn et zou. Mir hunn eis “e bessi” um RTL hiren Text inspiréiert. (Merci dofir)

Fazit vum Dag:  We big like, a recommandéieren 100% dësen Tour a 1000% Mme Noesen als Guide! 

Reportage RTL: https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/2342231.html

LCTO: https://www.luxembourg-city.com/fr/adresse/tour/sous-le-signe-de-la-couronne–decouverte-des-monarques-du-luxembourg

LCTO Facebook

No responses yet

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *