Op enger Sonnege Freiden, huet Team MyLux en Ausfluchsziel gesicht fir sech ofzekillen, an hunn no kuerzer Iwwerleeung Uewermaartel ugesteiert, den Schiefermusée. Séier e visite guidée vun der Johanna Grouf gebucht, an eis Begeeschterung war enorm! Net nemmen ass dësen Site wonnerbar erhaal, mat eng Art Rou an Fridden, waat bestemmt firun 100 Joer net grad esou war, mee den Geschicht an Patrimoine vum ganzen huelt een d’Otem ewech. Mat eisen léiwen Guide goung et dann eng gutt 2 stonnen iwwer an enner den Buedem – gutt kill 9 Grad an iwwer 300 Trappen – an eng vergiessener Welt vun Fiichtegkeet, Schmuel Gäng an Schiefer.

Op -42 meter si mir dann op den déifste Punkt vun der visite ukomm, vun hei un ass alles iwwerschwemmt. Wann een awer bedenkt dat et nach bis op -168 meter wäit erof geet, iwwer 24 Këmmeren opgedeelt.

Am grousse ganzen, big BIG thumbs up vun Team MyLux! Mir kommen erëm, zemools fir e Patt an der Bopebistrot ze huelen.

Méi info kritt dir hei: Musée de l’Ardoise oder Facebook

Klengen Tipp : de leschte Weekend am November fënnt hiren traditionelle Chrëschtmaart statt, zesummen organiséiert vum Musée de l’Ardoise, de Frënn vun der Lee an der Gemeng Rammerech!

No responses yet

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *