Dëser Deeg war Team MyLux (an den Ted) op eng Nuetsvisitte vun der Koffergrouf zu Stolzebuerg. Um 20h00 goung et direkt lass mat e puer interessant Filmer iwwer de Geschicht vun der Grouf, an du si mir eng gutt 1.5km laanscht den Klangbaach, iwwer de geologesche Léierpad “Mir ginn op d’Grouf” eropgetrëppelt, richtung Grouf. 10 didaktesch Panneau’en bréngen ënnerwee d’spannend liewe vun der Koffergrouf un de Mann (oder Fra, oder Bir). An natierlech wousst eise léiwe Guide op sämtlech Fro’en eng äntwert.
Uewen um Bierg ukomm, krute mer all en Helm, Gummisstiwwelen, Poncho a e Luucht, an du ass et erof op -50m gaange fir duerch d’Grouf ze trëppelen! E bëssi komesch ass et schonn, vill Plaazangscht däerf een net hunn – an och keng Angscht vu Waasser. Mir waren eng gutt Stonn ënner de Buedem, bei gemitterlech 10 Grad, heiansdo méi oder manner gebéckt. Nawell oft huet een “duck” héieren, dat war en Helm déi widdergeschloen huet. Fir eraus geet et dann eng schmuel an enk Trap erop, an erop an erop…..
No der Visite krute mer alleguer eng kleng Verstäerkung a mir hunn nach e bëssi vun de schéinen Ourdaller Nuet profitéiert.
Fir méi info & präisser: Stolzebuerg – Koffermine



















No responses yet