Samsdes, de 27ten September war de Welttourismusdag. Am Kader vun dësem huet den ORT Regioun Mëllerdall eng Guidéiert Wanderung zu Fëschbech ugebueden. Fëschbech ass hei am Ländche fir villes bekannt, haaptsächlech de Groussherzoglech Schlass. Oder manner bekannt, de Pabeierfabrick, dee bis Schluss 19ter Joerhonnert a Betrib war. Mee, wousst dir dat fréier hei e Schmelz wor?

Mir och net, also si mir mam Guide Gilles, an enger klenger Grupp op d’Sich dono gaangen!

Fir d’éischt e puer Explikatiounen zum Circuit. En huet knapps 5.5 km, an d’start ass beim Parking bei der Kräizung rue Grande-Duchesse Charlotte / rue du Moulin. Vun hei un heescht et ëmmer den Nummer F1 no! De Wee, zitt laanscht impressionnant Fielsformatiounen, a geet ganz gemitterlech erop op 440m, bis den héchste punkt vun der Regioun. Elo geet et duerch de Bësch bis bei den Napoleonshutt, dunn Trapen erof bis bei de Geotope Al Schmelz.

Hei stousse mer op e schéine Weier, dat eenzegt wat nach iwwereg bleift vun der Schmelz. De Kiischt um Kuch ass e stole Männchen, wou e QR-Code ze fannen ass. E scann méi spéit, a scho verwandelt sech den Handy an eng interaktive Statioun dee weider Informatiounen zu der Geschicht vun dëse Site gëtt. 

Et kann een sech wierklech kaum virstellen, datt op dëser schéiner Plaz fréier e Pochwierk stoung, wou matt haardem Radau den Eisenäerz zerklengert gouf.

Dat flottst un enger guidéiert Tour sinn déi kleng Anekdoten deen ee vun der Guide, oder lokal Leit mat kritt. Geschichte vun deemools, wou d’Kanner owes an d’Felder geschéckt ginn si fir d’Eisenäerz opzerafen a generell héisch interessant Informatiounen zu der Regioun. Natierlech hu mir och ënner eis d’Fro gestallt, wien dann elo an der Schlass Fëschbech eraplënnert… 👑 

Méi info: ORT Régioun Mullerthal (Facebook) | Mullerthal.lu

No responses yet

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *