Team MyLux huet keng gutt Sëtzlieder, a wa mir eppes fanne wou Sport a Furri Hand a Hand ginn, dann si mir dobäi! Esou war et och, leschte Sonnde wou et geheescht huet – alles op The Colour Run vun der Baloise! The happiest 5K on the planet.

Dëse Faarwegen Event ass fir d’éischt Kéier an der Stad ofgehale ginn, déi lescht Editioun war 2018 ronderëm d’Iechternacher Séi. Fir e gudden Zweck ass et och, eng Deel vun den Erléis geet un den Association Village d’enfants Luxembourg.

Pünktlech fir 12h00 ware mir dann um Event-Plaz niewent de P&R Stadium zu Gaasperech. Am Ufank huet et geheescht, et wier all 15 Minutten en Depart vun 200 Leit – mëscht och Sënn, et gëtt een ënnerwee mat Faarwege Pudder “ageseeft”, et géif soss Stau ginn. No enger Stonn ass d’Ännerung koum op en Depart am 10 Minutten takt an Team MyLux huet sech géint 13h00 an d’Faarwen era geschmass.

Et war flott. Ganz flott souguer. All KM koum eng aner Colour Zone, mat Faarf, Faarf an nach méi Faarf. D’Ambiance war mega, ouni Gedrecks – an ouni Chrono. Wat gutt ass, mir si keng Grouss Leefer. Sportlech Leeschtung war och net op d’éischter Stell, et geet drëms fir esou Faarweg wéi méiglech no 5KM unzekommen, egal wéi laang een ënnerwee ass.

Eng Medail gouf et och, a bei erausgoe stounge Leit mat grouss Blosapparater fir d’Faarf esou wéit wéi méiglech eraus ze kréien, wat och gréissten deels gutt geklappt huet. Bon, just eise gudden Ted war liicht am Faarf ënnergaangen, mee alles gutt, d’Pudder (Maismiel mat Liewensmëttel Faarf) huet sech super eraus wäsche gelooss. 

Mir gesinn eis sécherlech fir Editioun 2026! 🩷💚💙💜

The Colour Run by Baloise | The Colour Run by Baloise Facebook

No responses yet

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *