Zu Fouss op d’Fouer? Pardon? Vun Gréiwemaacher aus? Wéi vill Kilometer sinn dat? 40?! Dat ass jo e Marathon?! Ok. Team MyLux ass dobäi!

Samsdes mueres ëm 07h00 (wou déi meescht Leit sech am Bett nach eng kéier wänzelen), goung et lass. Mat gudder Laun a gestäerkt mat Kaffi a Mëtsch, si mir opgebrach zu enger 30 Leit (an e Beagle) Richtung Fouerplaz. Nom éischte Ravi zu Manternach hu mir verstanen dat dës Wanderung eng ëmgedréinte Marathon war, ënnerwee hunn sech ëmmer méi Leit de Grupp ugeschloss.

7 Ravi’en goufen et am ganzen, esou all 5 bis 6 km. Déi waren zu Manternach, Wecker, Betzder, Rued-Sir,  Nidderaanwen, Sennengerbierg, a Lux-Expo – et war fir Honger a Duscht also beschtens gesuergt. An mat gemitterlech 4.5 km/Stonn war de Wee och elo net ze ustrengend. Mir si vill iwwer CFL’s Wanderwee’er gaangen, a souguer e Stéck vun de Jakobswee. Zu Rued-Sir war dunn eng méi grouss Paus, wou eng rei hongereg Wanderer (an e Beagle) lecker Gromperenzalot mat e Wirschtche gejickt hunn. Louie, eise 4-Pattegen Begleeder hätt ouni Problem jiddweree bei hire Wirschtche gehollef, mee do hat de gudde keng Chance.

Ënnerwee ass vill gelaacht a geschnësst ginn. Et mierkt een dat de Saz “Wanderen verbënnt” net aus de Loft gegraff ass.  D’Wierder-Götter hunn et super gutt mat eis gemengt, ausser e puer mini-drëpsen si mir den ganzen Dag dréchen doduerch komm.

Um Parking Lux-Expo koumen dann déi lescht Wanderer dobäi, sou dat d’Zuel vun de Participant’en sech bis d’Arrivée méi ewéi verduebelt huet. Elo sinn et nëmmen nach eng kleng 5 km bis d’Fouer! Bal net ze gleewen dat mir vu mueres 07h00 un ënnerwee sinn.

Kuerz no 18h00 war et dann endlech esouwäit, mat eng Tréin am Aen an e puer Bloderen un der Féiss huet d’Fouer eis mat offen Ärem begréisst. No e Gruppe Foto ass et Richtung d’Gréngt Spill gaange wou all Participant en Zertifikat, an en Ecusson fir déi Marathon Leeschtung iwwerreecht kruten.

An gleeft eis. Näischt schmaacht esou gutt wéi den éischte Schlupp Amer-Béier no 40 km zu Fouss.

Fédération Luxembourgeoise de Marche Populaire | FLMP um Facebook | IVV Olympiade 2027

No responses yet

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *