Op e schéine Freiden Owend, ufanks August huet et den Team MyLuxembourg (an den Ted) an de Paffendall gezunn. E guidéiert Afterwork Tour vun den LUGA Installatioune Péitruss an Uelzechtdall, vun de Lëtzebuerger Jugendherberge organiséiert? An duerno gëtt et nach e Patt? Ma mega!
18h00 goung et da lass zu gutt zwanzeg Leit, vun all Nationalitéiten an Alter. Fir d’éischt si mir duerch de Parc Mansfeld gaangen, du laanscht de Rives de Clausen Richtung Neimënster. Mat Mme Uelzecht un eiser Säit si mer an de Péitrussdall gaangen, hei fënnt een den LUGA Science Hub mat vill interessant urban garden Installatiounen. Dunn richtung Skatepark, ënner de Passerell an den Nei Bréck erduerch fir uewe beim ale Pole Nord erauszekommen. E kuerzen Trip duerch de Stater Park huet eis vill flott Blummen, Rousen a Konschtwierker gewisen, duerno richtung Pescatore, mam Pafendaller Lift erof, fir dunn zréck bei de Jugendherberg ze wanderen.
Am grousse ganzen, e ganz flotten Owend mat intressant gespréicheger – an de beschte Guide ever – gell, Jeannot 🙂 An mat knapps 7km, 2h30 ganz gutt ze meeschteren.
Eis Lëtzebuerger Jugendherberge bidden nach esou en LUGA afterwork tour am Hierscht un. Iwwerhaapt ass et ëmmer der Wäert hiren Event Programm an den Aen ze halen, do fënnt ee ganz vill flott an divers Aktivitéite fir all Alter. Méi info hei: What’s on
Loscht op LUGA? Maacht iech bäi, den temporären open-air austellung leeft nach bis den 18. Oktober.
www.luga.lu | www.youthhostels.lu
















No responses yet