Dëse Mount ass et weider gaange mat eisen Tour vun “Luxembourg Underground” – mat en Ausfluch an den déiwe Süden. Op Rëmeleng an den Nationale Grouwemusée mat enger visite vun der Minière Walert.
No enger kuerzer Trajet mat der Minièresbunn, si mir 70m ënner Buedem ukomm an de fréieren Eise Minière, dee vun 1891 bis 1963 exploitéiert ginn ass. Et ass riseg grouss, méi grouss wéi een sech vun dobausse virstelle kann – a gemitterlech 8 grad Temperatur. Déi vill Maschinnen déi ausgestallt sinn, ginn e faszinanten (a liicht mulmechen) Androck vun den Aarbechtskonditioune vun deemools.
Eise Guide huet eis op déi zwou Niveau’en begleet, mat ganz vill Anekdoten a Fachwëssen. Mir waren waren erstaunt weifill Ausdréck vun deemools sech an eisen haitege Sproch erëm fannen. Vun iwwer wuertwiertlech op den “Dëppen” goen (kuckt d’Foto ënnen) bis bei “ee bei d’Lisette loossen”. Hei ass d’Erklärung einfach. An der Minière si vill Päerd agesat ginn, hei waren d’Kanner dofir zoustänneg. D’Pappen hunn hier Nowuess ebe bei d’Lisette (Numm vun der Päerd) gelooss a sinn ënne schaffe gaangen.
Op jiddferfall ass dësen Musée e besuch Wäert!
Fir méi info, an Öffnungszäiten: www.mnm.lu











No responses yet