D’Summer geet esou lues op en Enn. Domadder soe mir och geschwënn eis Schmuewelen Äddi, si maachen sech ufanks Hierscht op d’Rees Richtung Süden. Ei si eis verloossen, versammele si sech an e grousse Schlofgemeinschaft – dës Joer ass an der Naturreservat Schlammwiss zu Mënsbech. Dausende vun hinne ginn sech hei owes rendez-vous fir e spektakuläre Loftballet, ier se sech fir d’Nuecht zesummen am Ried néierloossen.
Natur & Ëmwelt hunn en Opruff gemaach, fir dëse Schmuewel Dortoire besichen ze goen, an de wonnerbaren Naturspektakel vum zegdausenden Villercher am Himmel z’observéieren.
Et huet e bëssi gedauert bis se do waren. Géint 20h45 war den Himmel op eemol Schwaarz vu geschat 10.000 Villercher. (Sie waren entschëllegt, d’Fouer ass den Dag ugaangen, a si ware bestëmmt kuerz bis dohinner 😂)
Nodeem nëmmen nach Schnaarchen aus de Réid ze héiere war, krute mir nach e puer Erklärungen zu de Beréngung vu Villercher, a wisou dëse Praxis esou wichteg ass fir de Vullenbestand zu Lëtzebuerg an Europa.
Iwweregens ass dëse flotte visite an der Kader vum Projet “Urban Birds” ugebuede ginn. Dëse Projet huet als objektiv urban Liewensraim ze verbesseren an d’Biodiversitéit an de Stied ze fërderen. Hier Zil ass urban Raim ze schaffen déi als Schutzplaze fir Vigel déngen an d’Liewensqualitéit vun den Awunner verbesseren.
Urban Birds | Natur & Ëmwelt asbl









No responses yet