Mir si jo wuel schonn ufanks September – mee d’Summer (Vakanz) ass nach net eriwwer. Falls dir eng flott, interaktiv a lĂ«schteg AktivitĂ©it fir Kleng (a Grouss) sicht, de Maislabyrinth zu LĂ«llgen ass nach op bis den 28ten September.
Team MyLux ware virwĂ«tzeg op dĂ«sen openair Aventure an hunn sech an dat grĂ©ngt getraut. An mir hunn et net berĂ©it! Mee opgepasst, den Ufank vun der Labyrinth ass net am Park selwer, dir musst e puer meter mĂ©i wĂ€it d’Strooss erop trĂ«ppelen. De 2km laangen Tour vun der Maislabyrinth dauert ronn eng Stonn an Ă«nnerwee si 6 interaktiv Statiounen dĂ©i sech ëm den TaaschtsĂ«nn drĂ©ien. An wann ee mengt dat wier nĂ«mme fir kleng Leit, dat ass definitive falsch. Eis huet zumools de Statioun vun de Braille faszinĂ©iert. Ok, mir hu 4x ugesat bis “Teddy Lux” richteg geschriwwe war, mee mir waren nawell houfreg op de Resultat.
Mir sinn eierlëch, am Ufank hate mir liicht Angscht dat mir eis géifen am Mais verléieren, oder de Wee net méi eraus fannen, mee no 10 Minutten hate mer plus ou moins den dréi vun der Navigatioun eraus.
Fazit: 1000% approved vun Team MyLux. Alles stĂ«mmt. De Site, den Accueil an d’verschidden interaktiv Statiounen dĂ©i iwweregens praktesch alleguer aus eegener Hand gebastelt gi sinn. Kanner krĂ©ie souguer e Bong, deen si an der Bistro SĂ«nnesrĂ€ich gĂ©int eng Titche Popcorn Ă«mtausche kĂ«nnen. An genee do, hu mir eis no dĂ«sen Aventure eng gutt Taass Kaffi gegĂ«nnt.
Ganz impressionant: dës Joer si schonn ongeféier 4000 Leit duerch de Maislabyrinth gaangen. Respekt!
Am grousse ganzen ass de Park SënnesrÀich eng Besuch wÀert, och nom 28ten September. Mat hiren Matmaach-Musée an de grousse Sënnesgaart, ass wierklech vill ze kucken an ze staunen.
Mir freeën eis elo schonn op de Labooorinthe dee ronderëm Allerhellege fir grujeleg Momenter suerge wÀert.
Park SënnesrÀich | Park SënnesrÀich Facebook






















No responses yet